Iwwert ons

 

An onsem Idealismus hu mer dese Funkveräin gegrënnt, den éischten an dësem Genre hei zu Lëtzebuerg an a ganz Europa.

Mir wëllen domadder dem Séi- a Banneschëfffaartsfunk eng eege Plattform schenken an se aus hirem däischteren Eck eraushuelen.

Well Funk bedeit Sécherheet a gëtt awer leider vill ze vill vernoléissegt.

A grad dat ass onst Uleies.

Mir wëllen dass Dir an einfache wéi a schwierege Situatioune funktechnesch sécher ënnerwee sidd.

Dofir investéiere mer ons.

Mat vill Rou, Motivatioun a Gedold.

 

Fir ëmmer um neiste Stand vun der maritimer Funkwelt ze sinn, ass CALL SIGN Member bei der

AMERC (Association of Marine Electronic and Radio Colleges).

 

Mat dem wat mer duerch ons Coursen finanziell eranhuelen, ënnerstëtze mer reegelméisseg mat engem Don d’Deutsche Gesellschaft zur Rettung Schiffbrüchiger (DGZRS), d’Koninklijke Nederlandse Redding Maatschappij (KNRM) an d’Royal National Lifeboat Institution (RNLI).