Refreshercours

 

Dir hutt ee Funkschäin awer net genuch Funkpraxis?

Dir sidd deemnächst Skipper an drot d’Verantwortung?

Dir sidd Member vun der Crew an et ass scho laang hier zanter Ärem Funkschäin?

Da sidd Dir bei CALL SIGN richteg!

Mat vill Rou a Gedold frësche mer am klenge Grupp d’Funkprozedure vun UBI an SRC nees op an üben dobäi wéi an der Realitéit op echten ICOM-Funkanlagen. Donieft gëtt et di neisten Neiegkeeten aus der maritimer Funkwelt.

 

Viraussetzung: nëmme fir déi déi schonn ee Schäin hunn (UBI / SRC)

Wéini: Fréijoer 2024, méi Detailer komme nach no

Zuel vun de Participante: min 4, max 6

Sprooch: Lëtzebuergesch resp. Franséisch, je no Cours

Wou: Emgéigend Stad Lëtzebuerg