SRC Cours am Grupp + Examen

 

Short Range Certificate (SRC) – Cours am Grupp mat Examen

 

Viraussetzungen:

  • Nëmme fir déi déi schonn een UBI-Schäin hunn oder déi am UBI- an am SRC-Cours ugemellt sin an den Examen fir den UBI an SRC zäitgläich maachen.
  • Gutt Basiswëssen am Engleschen.

Inhalt vum Cours:

1/3 Theorie an 2/3 Praxis um Funkapparat M423 vun der Mark ICOM mat engem DSC-Controller.

Well di praktesch Prüfung um PC gemaach get, übe mer souwuel mat der Software wéi och um reellen, physesche Modell. Dat huet de Virdeel, dass de/d’Participant(e) ee Gefill dofir kritt, wéi et hannenno u Bord wäert sinn.

De Cours ass ganz bewosst op max. 8 Leit limitéiert. Der musst Iech d’Funkanlag net mat engem aneren deele mee jidderee setzt u sengem eegenen Apparat. Sou kritt jiddereen d’Geleeënheet fir de Funkapparat an den DSC-Controller selbstänneg ze bedéngen a léiert spilleresch d’Schwätzen um Mikro wéi och d’Verschécke vun DSC-Alarmer unhand vu ville Beispiller aus der Realitéit déi mer zesummen duerchginn.  Um Enn vum Cours fillt jiddereen sech sécher am Ëmgang mat dem Funkapparat an dem DSC-Controller an ass an der Lag fir funktechnesch all Situatioun u Bord mat der néideger Rou ze meeschteren.

Zudeem ginn di verschidden Elementer vum GMDSS (NAVTEX, EPIRB, …) erkläert.

Wéini:

29.11.2026 + 14.03.2027 + 21.03.2027

Wou:

An der Emgéigend vun der Stad Lëtzebuerg.

Sprooch:

Lëtzebuergesch

Unzuel vu Leit am Cours:

Max. 8

Präis vum Cours:

Cours SRC :                                          220 €

Cours UBI mam SRC :                          320 €

Am Präis vum Cours sinn mat abegraff: Léierbuch, Funkfibel, Übungssoftware,…

Präis vum Examen:

Den Theorieexamen a prakteschen Exame ginn vum Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) organiséiert.

Offizielle Präis fir den Examen SRC:   30 € (Theorie) + 50 € (Praxis)

Offizielle Präis fir den Examen UBI:     25 € (Theorie) + 40 € (Praxis)

Datum vum Examen:

Theorieexamen:

06.01.2027

Praxisexamen:

En ass an der Woch zweschen dem 15.03. an 26.03.2027 a kann nëmme gemaach gi wann een den Theorieexame gepackt huet.

Aschreiwen (provisoresch) an de Cours:

Iwwer de Kontaktformulaire.

Aschreiwen an den Theorieexamen:

Direkt beim Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) : Formulaire 

Delai fir sech an den Theorieexamen anzeschreiwen: 18.11.2026