Funkschäiner

 

D’UKW-Sprechfunkzeugnis für den Binnenschifffahrtsfunk (UBI) / Certificat d’Opérateur de Radiotéléphonie sur les Voies de Navigation Intérieures (CORVNI) erlaabt et fir eng UKW-Funkanlag an der Banneschëfffaart ze benotzen.

Wie brauch et?

Jiddereen deen op de Bannegewässer ënnerwee ass, wéi z.B. Musel, Rhäin, Donau….an an Holland.

Well an Holland d’Virschrëfte vum Banneschëfffaartsfunk bis zu hiren Insele gëllen, gehéieren e.a. d’Ijsselmeer, d’Waddenzee, d’Ooster- an d’Westerschelde och zu de grousse Banneschëfffaartstroossen.

 

De Short Range Certificate (SRC) erlaabt et fir eng UKW-Séifunkanlag am Séigebitt A1 ze benotzen.

D’Séigebitt A1 deent sech aus op enger Distanz vun 30-50 nm vun der Küstelinn un.

Wie brauch en?

Jiddereen deen sech um Waasser laanscht d’Küst beweegt an eng UKW-Séifunkanlag well benotzen, sou wéi een se am Allgemenge fir d’Rees laanscht d’Küst op Charterbooter fënnt.

 

De Long Range Certificate (LRC) erlaabt et eng Grenz- a Kuerzwellenanlag am Séigebitt A2, A3 an A4 ze benotzen.

D’Séigebitt A2 deent sech aus tëschent ongeféier 50 nm – ongeféier 180 nm (Dag) / 400 nm (Nuecht) vun der Küstelinn un.

D’Séigebitt A3 läit tëschent 76°N a 76° S ausserhalb vun de Séigebidder A1 an A2.

D’Séigebitt A4 läit ausserhalb vun de Séigebidder A1, A2 an A3 an deckt d’Polarregiounen nördlech a südlech vu 76° of.

Wie brauch en?

Jiddereen de méi wäit eraus op d’Mier fiert ewéi d’Séigebitt A1 an eng Grenz- resp. Kuerzwellenanlag mat u Bord huet resp. jiddereen dee méi iwwert de maritime Funk wëll wëssen.

Wien den LRC huet, däerf weltwäit funken (ausser an der Banneschëfffaart), mee muss dofir awer och den SRC hunn.

 

All Funkschäiner gi vum Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) als déi dofir verantwortlech Verwaltung erausginn.