UBI/CORVNI Cours am Grupp + Examen

 

UKW-Sprechfunkzeugnis für den Binnenschifffahrtsfunk (UBI) / Certificat d’Opérateur sur les Voies de Navigation Intérieures (CORVNI) – Cours am Grupp mat Examen

 

Virkenntnesser:

Keng, éischt Erfarungen um Waasser sinn awer ee Virdeel.

Fir kënne mat der Software ze üben, brauch een en Windows-fäege PC oder Laptop.

Inhalt vum Cours:

1/3 Theorie an 2/3 Praxis um Funkapparat M423 vun der Mark ICOM.

Mer üben um selwechte Modell wéi am Exame benotzt gëtt. Dat huet de Virdeel dass de/d’Participant(e) sech net am Examen emgewinne muss.

De Cours ass ganz bewosst op max. 8 Leit limitéiert. Der musst Iech d’Funkanlag net mat engem aneren deele mee jidderee setzt u sengem eegenen Apparat. Sou kritt jiddereen d’Geleeënheet fir de Funkapparat selbstänneg ze bedéngen a léiert d’Schwätzen um Mikro spilleresch unhand vu ville Beispiller aus der Realitéit déi mer zesummen duerchginn.  Um Enn vum Cours fillt jiddereen sech sécher am Ëmgang mat dem Funkapparat an ass an der Lag fir funktechnesch all Situatioun u Bord mat der néideger Rou ze meeschteren.

Wéini:

08.12.2024 + 02.03.2025 + 09.03.2025

Wou:

Emgéigend vun der Stad Lëtzebuerg

Sprooch:

Lëtzebuergesch

Unzuel vu Leit am Cours:

Max. 8

Präis vum Cours:

Cours UBI :                                220 €

Cours UBI mam SRC :              320 €

Am Präis vum Cours sinn mat abegraff: Léierbuch, Funkfibel, Übungssoftware,…

Präis vum Examen:

Den Theorieexamen a prakteschen Exame ginn vum Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) organiséiert.

Offizielle Präis fir den Examen UBI:     20 € (Theorie) + 35 € (Praxis)

Offizielle Präis fir den Examen SRC:   25 € (Theorie) + 45 € (Praxis)

Datum vum Examen:

Theorieexamen:

14.01.2025

Praxisexamen:

Zweschen dem 17.03. an 28.03.2025

De prakteschen Examen ka nëmme gemaach gi wann een den Theorieexame gepackt huet.

Aschreiwen (provisoresch) an de Cours:

Iwwer de Kontaktformulaire.

Aschreiwen an den Theorieexamen:

Direkt beim Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) : Formulaire 

Delai fir sech an den Theorieexamen anzeschreiwen: 26.11.2024